Äppelchen

De neie Betrib zu Ierpeldéng-Sauer

Äppeljus aus Lëtzebuerger Bongerten

100% Äppel, ouni Zousazstoffer. Mat all Fläsch ënnerstëtzt Dir d'Bongerten an déi nei Beem, déi ech planzen.

  • 100% natierlech
  • Gratis Liwwerung
  • Haltbar op mannst 1 Joer
Logo vun Äppelchen: e roudenen Apel mat Fläsch, Glas an Äppelchen

Iwwer mech

Moien alleguer!

Ech sinn de Lourenco Tom, de Grënner vun Äppelchen, engem klenge Betrib aus Ierpeldéng-Sauer.

Meng Missioun ass et, eis schéin Bongerten zu Lëtzebuerg z'erhalen an nei Beem ze planzen, fir datt och déi nächst Generatiounen vun dëser flotter Natur profitéiere kënnen.

D'Recetten aus dem Verkaf ginn ëmmer erëm zréck investéiert: an nei Beem, an Material fir d'Fleeg vun de Bongerten an an d'Weiderentwécklung vum Projet.

Vill Aarbecht fir mech, e leckere Viz fir Iech an eng grouss Hëllef fir eis Natur.Tom, Äppelchen

Vum Bam bis an d'Fläsch

Esou entsteet Äre Viz

  1. Sammelen

    D'Äppel ginn aus de Wisen an de Bongerte gesammelt.

  2. Wäschen

    All Fruucht gëtt grëndlech gewäsch.

  3. Pressen

    D'Äppel ginn zerklengert a gepresst.

  4. Pasteuriséieren

    De Jus gëtt erhëtzt, fir datt e laang hält.

  5. Ofzapen

    An 1L-Glasfläschen oder praktesch Bag-in-Boxen (1,5L & 3L).

100% aus ÄppelOuni ZousazstofferOp mannst 1 Joer haltbarAll Schrëtt op Facebook an Instagram ze gesinn

Sortiment

Momentan am Verkaf

Bestellt einfach per WhatsApp oder SMS. Ech liwweren gratis bei raisonnabelen Distanzen, oder Dir kommt laanscht op Ierpeldéng.

Ausbléck an d'Zukunft: Äppelkompott, Äppelchips, Äppelkäerzen an nach villes méi.

Ugebueder

Am Bongert matschaffen

Schoulklassen am Bongert

Mat der Klass gi mir zesummen an e Bongert. Do sammele mir d'Äppel, wäsche se zesummen, zerklengere se a pressen eisen eegene Jus. Duerno maache mir nach Äppelkompott.

½ Literselwer gemaachten Äppeljus fir all Kand
1 Glasselwer gemaachte Kompott fir all Kand
Fir wien
Schoulklasse vum Précoce un (Cycle 1)
Wéini
Enn September an de ganzen Oktober
Präis
Op Ufro
Klass umellen

Uebstbeem schneiden

E gudde Schnëtt hält Är Uebstbeem gesond a bréngt méi Friichten. Ech schneiden Är Beem fachgerecht.

  • Fleegschnëtt
  • Wuesstumsschnëtt bei jonke Beem
Präis
Op Ufro
Ufro schécken

Bestellen & Kontakt

Wéi kritt Dir de Viz?

1

Bestellen

Schéckt mir eng WhatsApp oder SMS mat deem, wat Dir wëllt.

2

Liwwerung

Gratis heem geliwwert, bei raisonnabelen Distanzen.

3

Oder ofhuelen

13, rue du Château
L-9146 Ierpeldéng-Sauer

Tel. / WhatsApp / SMS
+352 691 621 855
E-Mail
denaeppelchen@outlook.de
Adress
13, rue du Château, L-9146 Ierpeldéng-Sauer
WhatsApp schreiwen